Rulljener Frënn

Rulljener Frënn

06/05/2026

Fir den Skoda Tour de Luxembourg organiséieren d’Rulljener Frënn ee Gedrénksstand beim Chalet Ranch Moot um Knupp zu Wooltz / Rulljen. Fir eng flott Ambiance an Animatioun ass de ganzen Dag an och Owes iwwer gesuergt.

Veräiner aus der Gemeng Wooltz, déi gären deelhuele wëllen mat engem Iessstand, kënnen sech bei eis mëllen.

📅 Datum: Freides, den 18.09.2026
🕙 Auerzäit: vun 10.00 bis 22.00 Auer

De Benefice vum Verkaf bleift zu 100 % beim jeweilege Veräin, d’Participatioun ass gratis.

Wéinst limitéierter Plaz kënnen maximal 2 Veräiner ugeholl ginn.

Umeldung an weider Informatiounen:
📧 [email protected]

Den Comité

Buergbrennen zu Rulljen
21/02/2026

Buergbrennen zu Rulljen

🎭 Fetten Donneschdeg zu Rulljen 🎭Eise Club kënnt dësen Donneschdeg ab 14:00 Auer zesumme mat de Kanner duerch Rulljen.D’...
10/02/2026

🎭 Fetten Donneschdeg zu Rulljen 🎭

Eise Club kënnt dësen Donneschdeg ab 14:00 Auer zesumme mat de Kanner duerch Rulljen.

D’Kanner komme verkleet laanscht, sangen an freeë sech natierlech iwwer e klengen Séissegkeeten-Accueil.

Mir freeën eis op eng flott Traditioun zesumme mat Iech! 🎉

Den Comité

Wanterfest zu Rulljen – Samsdig, 20.Dezember | ab 17.00🎄✨Dëst Joer kënnt Magic Moments mat enger festlech dekoréierter P...
09/12/2025

Wanterfest zu Rulljen – Samsdig, 20.Dezember | ab 17.00🎄✨

Dëst Joer kënnt Magic Moments mat enger festlech dekoréierter Päerdskutsch op Rulljen.
Jidderee kann eng kleng, zauberhaft Tour duerch d’Duerf maachen – e richtege Highlight fir d’Kanner an d’Famill! 🐴✨



Iessen 🍽️🍕🌭🧇

• Flammkuchen
• Gegrilltes
• Fingerfood
• Eisenkuch

Gedrénks ☕🍺🥂

• Schocki
• Glühwein
• Simon Noël, Simon Pils,
•Waasser ass gratis 💧
• Keen Pfand op den Tassen – ouni Extra Käschten 🤝
• … a vill aner Spezialitéiten

Fir d’Iessen a Gedrénks suergen:
Helping Hands Luxembourg • Sub Aqua Club Wiltz• Rulljener Frënn 🤝



Hobbymaart & Stänn 🛍️

• Distillerie Clos du Fourschenhaff
• Anne Bossers
• By Nicole – Holzartikelen
• G-ORE
• Wëlwerwolzer Wëllefchen



Musek 🎺

Weeltzer Musek suergt fir eng gemittlech, festlech Wanterambiance.



Kommt laanscht an erliewt eng warm a familiär Adventsstëmmung zu Rulljen – mat gutt Iessen, flotte Stänn a magische Momenter! ✨🎅

Merci eisen Sponsoren !
Garage Biver Brasserie Simon Aux Anciennes Tanneries Auto-Ecole Borman Jans Spuerkeess Axa Carlo Schon IMMO WOLZ Optique Bley Wiltz Concept & Design Electric Vincent Neys Toute en beauté - Theis Fabienne Peintures Oestreicher

Organisator: Rulljener Frënn asbl

De Kleeschen war haut zu Rulljen ënnerwee 🎅✨Vill stralend Kanner an eng mega Stëmmung am Duerf ❤️E grousse Merci un eis ...
29/11/2025

De Kleeschen war haut zu Rulljen ënnerwee 🎅✨
Vill stralend Kanner an eng mega Stëmmung am Duerf ❤️
E grousse Merci un eis Sponsoren Christina's Bicherbuttik Mellechtankstell Roullingen 🙏

Den 20. Dezember gesi mir eis erëm – Wanterfest zu Rulljen ❄️🎄🔥

Magic Moments Visit Wiltz

Sven Schneider Theis Véronique Bemtgen Steve Lanners

🎅✨ De Kleeschen kënnt op Rulljen! ✨🎅Sou lues kënnt d’Kleeschenzäit erëm méi no – an och dëst Joer kënnt de Kleeschen op ...
28/10/2025

🎅✨ De Kleeschen kënnt op Rulljen! ✨🎅

Sou lues kënnt d’Kleeschenzäit erëm méi no – an och dëst Joer kënnt de Kleeschen op Rulljen, fir deene brave Kanner eng kleng Freed ze bréngen! 🎁

📅 Wéini? Samschdes, den 29. November 2025 tëscht 17.30 an 19.00 Auer
📍 Wou? Zu Rulljen
👧🧒 Fir wien? Fir all d’Kanner an d’Enkelkanner vun de Rulljer Leit

Wann de Kleeschen och bei iech soll laanschtkommen, sot eis w.e.g. Bescheed bis den 20. November 2025 per
📩 E-Mail: [email protected]
📱 SMS: 691 88 30 40

🎄 Mir freeën eis op eng gemittlech a festlech Stëmmung zu Rulljen!

Merci eisen Sponsoren 😀
22/10/2025

Merci eisen Sponsoren 😀

Adresse

Reimerwee
Roullingen
9681

Téléphone

+352691883040

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Rulljener Frënn publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Rulljener Frënn:

Partager