This is Ornella

This is Ornella 7+ Joer Brautbusiness đŸ«¶
De Buttek ass zou. Ech netâ˜ș
Real Talk iwwer Brautkleedsich, Entscheedungen & d’Wourecht hannert der HochzĂ€it.
Éierlech. Riicht eraus.

This is Ornella. Brautkleeder fir déi modern Braut!

25/03/2026

Ech weess
 dat kléngt vlÀicht haart, MEE:

👉 Deng HochzĂ€it ass keng Demokratie!

Et brauch net jiddereen sÀi PefferkÀer dozou ze léen!
Wierklech net!

Well wat geschitt am Endeffekt?
Du fÀnks mat engem kloere Gefill oder Konzpt un
an zum Schluss hues du 10 StĂ«mmen am Kapp an deng eege Meenung schĂ©ngt onwichteg ze gin😔

„Dat gefĂ€lt mir net.“
„Ech gĂ©if dat anescht maachen.“
„InvitĂ©ier nach de Monni Jim, Tatta Gelatine an d'Cousine Kamell aus 7 Ecker!“

An op eemol zweifels du un Saachen, dĂ©i fir dech an dĂ€i Mann eigentlech richteg waren💔

An ech soen der meng Meenung dozou: Hëllefen an veronsëcheren sin 2 grondverschidden Saachen!
An dat wat hei oft passéiert ass definitiv NET hellefen!

❀Verhaal dir dat hei:
"YOUR WEDDING, YOUR RULES!"
Deng HochzÀit ass net dofir do fir jiddereen zefridden ze stellen.
Si ass dofir do, fir dir an dĂ©ngem Mann dĂ©i schĂ©inst Erennerungen vum Liewen ze schenken đŸ€
Punkt.

Wou hues du dech veronsëchere gelooss op der Reess zu denger HochzÀit?

20/03/2026

Brautkleed-Tipp ✹

Eng Saach déi vill Brides ënnerschÀtzen:
👉 d'LiwwerzĂ€it vum Brautkleed.

DĂ€i Brautkleed brauch am Normalfall:
‱ Eng laang LiwerzĂ€it
‱ Retouchen fir dain HochzĂ€itskleed perfekt un dech unzepassen

Dofir mÀin Tipp aus 7+ Joer BrautgeschÀft:
âžĄïž Maach dech ca. 10 MĂ©int firun der HochzĂ€it op Brautkleed-Sich đŸ€

Sou hues du genuch ZĂ€it fir:
✔ d'Kleed
✔ Retouchen
✔ an du kanns entspaant bleiwen 😎

An elo sin ech gespaant:
Wéi vill Méint virun dengem HochzÀitsdatum hues du dÀi Kleed erausgesicht?

SpĂ€icher dir dĂ«se Reel wann deng HochzĂ€it nach kĂ«nnt 💍

13/03/2026

Vodka am BrautgeschĂ€ft? Wat leeft dann hei? 😅

Nee
 en ass net fir dech, lĂ©if Braut, ze berouegen (... dat geet natierlech och đŸ€­)

Mee an 7,5 Joer BrautgeschÀft hunn ech ee klengen Trick geléiert, wann d'Kleeder, egal ob Brautkleed, Wollplower oder Jacket no Schweess richen...

Deng Zutaten:
👉 e bĂ«ssen Vodka
👉 e Steamer
👉 destillĂ©iert Waasser
👉 an de Geroch geet eraus

Et funktionĂ©iert wierklech op vill Stoffer â˜ș an ech sin Ă«mmer erĂ«m erstaunt wĂ©i vill Leit dat net kennenđŸ€·â€â™€ïž

Also wann deng Kleeder mol e bessen miffelen, probĂ©ier dat mol ausâ˜ș

An elo sin ech gespaant:
Hues du deen Trick scho kannt oder ass dat nei fir dech? Let me know â˜ș

12/03/2026

Dann followen ech och lo mol dem Trend đŸ€­

Saachen dĂ©i mech als Brautberoderin ni gepickt hunn đŸ€·â€â™€ïž

No iwwer 7 Joer an der HochzÀitswelt mat mengem BrautgeschÀft kann ech iech eng Saach soen:

D'Brides maachen sech oft Stress iwwer Saachen, déi fir eis als Brautkleedberode komplett egal sin

👉Net rasĂ©iert Been?
👉Net di perfekt ËnnerwĂ€sch beim 1. Essayage?
👉 Keng frĂ«sch Pedicure?
👉 Nervös beim Essayage?

All dĂ«ss Saachen spillen hei absolut keng RollđŸ€

Dat Eenzegt wat zielt ass dass du d'Braut sech wuel fillt đŸ€

An wanns du fÀerts dass du a kengem Hochzaitskleed schéin bass wells du mengs du hÀss net de perfekte Kierper?
Dann gleew mir eppes, an zwar dass all Braut wonnerschĂ©in ass đŸ„°

Vertrau einfach dĂ©nger Beroderin, si wees scho wat se mĂ«cht đŸ€

06/03/2026

Wat geschitt elo mat dësem Account?

En neien Numm huet e jo schon, mee wat erwaard dech elo nodeems Marry Me zou ass? â˜ș

Ech hunn iwwer 7 Joer laang Brides um Wee zu hirem Dramkleed begleet an dobĂ€i esou vill gelĂ©iert đŸ„°

An elo deelen ech hei mat iech:
✹ Tipps & Tricks aus der HochzĂ€itswelt
✹ meng Erfarungen aus der Branche
✹ an all dĂ©i kleng Saachen dĂ©i ech an deene Joren gesinn&gelĂ©iert hun

Also follow mir gĂ€eren fir emmer schĂ©in up to date ze sin đŸ€©

25/02/2026

Mir klameren eis esou oft un eppes fest well et mol eist ganzt Liewen war đŸ€

MEE wat wann et einfach un der ZĂ€it ass lasszeloossen?

Marry Me war ee Kapitel đŸ€
E wonnerschéint.
Mee net fir Ă«mmer! Et ass un der ZĂ€it dat nĂ€chst Buch ze schreiwen 🖊

🎙 An der neier Podcast-Folleg schwĂ€tzen ech iwwer Lassloossen, Grenzen setzen an de Courage fir nei WeeĂ«r ze goen.

👉 Lauschter elo „SchnĂ«ss op & Lass“ op Spotify (De Link fenns du an der Bio)

🔔 Like, abonnĂ©ier & kommentĂ©ier wat dĂ«ss Episod bei dir ausgelĂ©ist huet ❀

De Countdown leeft 📅Nach e puer wonnerschĂ©in EenzelstĂ©cker waarden nach op hier perfekt Braut đŸ„° All Brautkleed ass 1x do...
22/01/2026

De Countdown leeft 📅

Nach e puer wonnerschĂ©in EenzelstĂ©cker waarden nach op hier perfekt Braut đŸ„°

All Brautkleed ass 1x do an zu staark reduzéiert PrÀisser.

Fir méi Infos iwer Disponibilitéiten vun de Kleeder, Gréissten oder PrÀisser lueden ech dech an op der WebsÀit lanscht ze luussen (Link in Bio)

Och an der lÀschter Woch ass en Rendez-Vous en absolute Muss, och deen kanns du dir ganz einfach online iwer d'WebsÀit buchen!

Ech freeĂ«n mech op all lĂ©if Braut dĂ©i ech nach an der lĂ€schter Woch vu Marry Me dierf begleeden đŸ„č❀


16/12/2025

Am lĂ©ifste giff ech all meng wonnerschĂ©in Brautkleeder an main Dressinf hĂ€nken đŸ„°

Wéieent giffs du wielen?

Adresse

Avenue Lou Hemmer
Mondorf-les-Bains
5627

Téléphone

+35226672233

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque This is Ornella publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message Ă  This is Ornella:

Partager