
23/04/2025
Spill a Spaß fir déi ganz Famill um Europadag zu Kielen! 🇪🇺
Gläich ass et souwäit: déi 3. Kielener Intejuegd start um 10 Auer am Zelt beim Fussballsterrain. Vun 10 bis 12.30 Auer kennen d´Ekippen op de flotte Rallye vu 4 km starten. De Parcours ass och Rollstull- a Kutschegerecht.
Dëst Joer nei: Moolt eisen neien LOGO sur place, e Molconcours fir déi Kleng am Zelt 👍
Dono ass Apero a Mëttegiesse mat der traditioneller
Intejuegd a Spiller am Zelt. Hei ka jidderee säi Gléck iwwert de Nomëtte bei verschiddenen Manche vun der Intecourse versichen. Vu Kleng bis Grouss ka jiddereen Intefëschen.
Souwuel fir d´Intecourse wei och fir de Rallye ginn et flott Präisser ze gewannen. 🏆