Escher Fuesent

Escher Fuesent Vivez le carnaval d'Esch le 13 - 15 mars 2020 - 3 jours, 4 ambiances & 5 événements

Einfach nemmen gäil, eis Frënn vun den Altstädter Köln sinn den Owend unkomm. Een vun den Héichpunkten muer op eiser Kav...
19/03/2022

Einfach nemmen gäil, eis Frënn vun den Altstädter Köln sinn den Owend unkomm. Een vun den Héichpunkten muer op eiser Kavalkade. Merci hinnen an mäer frëen eis op muer mat iech zesummen.

An als Ofschloss den 20. März am Zelt trett dann Party Band Firma Hollunder op
15/03/2022

An als Ofschloss den 20. März am Zelt trett dann Party Band Firma Hollunder op

Weinlesefest 2012

Am Zelt den 20. März kennen mäer och Kölsche Adler begréissen. Mäer freen eis op een Stemmungsvollen Ovend.
15/03/2022

Am Zelt den 20. März kennen mäer och Kölsche Adler begréissen. Mäer freen eis op een Stemmungsvollen Ovend.

Recorded on März 3, 2011

15/03/2022
Mär freen eis den Sonndeg den 20. März op eiser Kavalkade, eis Kollegen vun Köln, d'Altstädter Köln 1922 eV ze begréisse...
15/03/2022

Mär freen eis den Sonndeg den 20. März op eiser Kavalkade, eis Kollegen vun Köln, d'Altstädter Köln 1922 eV ze begréissen. Sie kommen zu 200 Léit mat zwou Museken an engem Woon vun Köln bei eis. Am Gepäck hunn sie och d'Kölner Dreigestirn. Leider kann d'Dreigestirn net an voller Montur kommen, mee sie sinn awer an Esch dobäi. Sie hunn och 8000 Waffelen dobäi fier ennert d'Leit ze brengen. Nach vill anner Iwerraschungen wuarden deen Dag zu Esch op äech. Kommt all dohin, well d'Wieder spillt och mat.

Endlech ass erem Fuesent :-)Kommt all dohin.
28/02/2022

Endlech ass erem Fuesent :-)
Kommt all dohin.

01/08/2020
Hallo alleguer Ech wollt an sech keen Kommentar maachen, mee ech mengen mir kommen net dolaanscht! Als alleréischt, ech ...
11/03/2020

Hallo alleguer

Ech wollt an sech keen Kommentar maachen, mee ech mengen mir kommen net dolaanscht!

Als alleréischt, ech sinn een totalen Fuesgeck, an ech fueren och all Joer fir 5 Deeg op Köln an d'Fuesent.

Wann et engem wéi gedoen huet, dass eis Fuesent ofgesot gëtt, dann sécher mäer, mee och eisem Kommitee, déi vill Aarbecht déi lescht 6 Méint geleescht hunn fir dat erëm op d'Been ze setzen. Och wann do Léit sinn déi mengen dat kéint een emol laber an enger Woch esou niewenbéi organiséieren.

Wann ech dann awer hei verschidden Kommentaren liesen, dann sinn ech awer schonn verwonnert.

MIR WIEREN NET RESPONSABEL, WELL NACH NET OFGESOT GINN WAR?????

Mir waren séit DRÉI Wochen konstant am Kontakt mat eisem Ministère de la Santé, an d'Situatioun huet sech all Dag geännert!!!!

Mir sinn keng Dokteren an keng Wëssenschaftler, an mussen eis op Recommandatiounen vun Spezialisten verloossen.

Situatioun ännert all Dag, an wann een geséit wéi séier dat sech ausbreet, dann war et eng Responsabel Decisioun!!!!

ELO SINN MIR PANIKMAACHER AN IDIOTEN WELL MIR OFGESOT HUNN????

Et brauch just een ze kommen, deen sech op der Kavalkade ugestach huet oder schonn infizéiert war, wéi vill Léit mussen dann an d'Karentän????

Et ass einfach op FB Kommentaren ze maachen, mee et mussen och Léit Decisiounen huelen, an ech mengen déi sinn mat klorem Mënscheverstand geholl ginn.

KAVALKADE NOHUELEN ASS KENG OPTIOUN?

Wisou?

1. Wëssen mir net wéi laang dat nach mam Corona Virus geet.

2. Schëffleng huet se eng kéier méi spéit gemaach, mee dat war net méi dat.

3. Verléieren mir dann nach méi Suen, wéi elo schonn, wann erëm eng Kéier misst ofgesot ginn.

4. Fuesent ass Fuesent an feiert een net am Abrëll oder Mäi!!

Elo organiséieren mir mam Escher Geschäftsverband eng Manifestatioun den 21.03.2020 an der Uelzechtstrooss, wou mir Bretzele verdeelen.

Do sinn vill manner wéi 1000 Léit also kann een dat maachen, mee dann déi grausam Kommentaren, dat ass Irresponsabel!!! Et ass einfach hannert engem PC ze setzen an just alles ze kommentéieren, mee selwer keen Fanger kromm ze maachen.

Mir hunn och een grousst Event geplangt den 16. an 17, Mäi, an och do wëssen mir net, wou d'Rees higeet.
Ech hunn och een flotten Kommentar geliest, Macht Kavalkade am Summer an dann kennt LSAP erëm????? Mir hunn Vertrieder vun all Partei bei eis am Kommitee, an gleeft mir, och eng LSAP, déi Lénk oder egal wat fir eng Partei hätt mat deenen Recommandatiounen déi selwecht Responsabel Entscheedunge geholl.

Mengt net et géif eis Spaass maachen Eventer ofzesoen wou vill Häerzblutt an Schweess dran stécht.

Mir huelen Decisiounen mat eisem Ministère an Schäfferot zesummen, an am Interêt vun eisen Matbierger.

Wënschen iech nach een schéinen Dag, an hoffen dass mir geschwënn erëm normal kennen fonctionéieren, kuckt emol een bësschen iwwert d'Grenzen ewech, an mir liewen net op enger Insel.

Adresse

Place De L'Hôtel De Ville
Esch-sur-Alzette
4138

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Escher Fuesent publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager