Fleurs Binsfeld Sàrl

Fleurs Binsfeld Sàrl Kompetent, Hilfsbereit, Zuvorkommend, Gute Qualität, Freundlich, Gut organisiert

Kommt bis ran luussen, ët lount sech :)
Mir bidden un : Begriefnisser/Enterrement Hochzäiten/Mariage, Kanddaf/Baptême Geburtsdag/Fête d'anniversaire. Mir bidden iech e grousse Choix un Decoratiounsartikelen fir bannen an baussen un.

25/09/2025
Léif Clienten,Haut melle mir eis mat enger ganz traureger Noriicht.Leider ass de Weekend d''Yvonne Binsfeld-Hamen am Alt...
22/09/2025

Léif Clienten,

Haut melle mir eis mat enger ganz traureger Noriicht.
Leider ass de Weekend d''Yvonne Binsfeld-Hamen am Alter vu 95 Joer friddlech fir ëmmer entschlof 🖤 D'Yvonne an hire Mann Felix Binsfeld, deen eis well méi laang verlooss hutt, si ganz sécher déi, déi de Grondsteen vun eiser Traditiounsgäertnerei geluecht hunn. Mir sinn hinnen onendlech dankbar fir hir haart Aarbecht an hiren onmoossege Fläiss iwwer ganz ganz vill Joren. Onendlech vill Stonnen huet d'Yvonne mat Pikéire verbruecht, wat si eis ëmmer nees gäre verzielt huet. Mat grousser Dankbarkeet a Léift hale mir d'Yvonne an de Felix ëmmer a beschter Erënnerung, si stoungen ëmmer fir déi richteg Wäerter am Liewen.🧡

D'Begriefnis mat uschléissender Mass ass lo en Donneschdeg um 15 Auer zu Ierpeldeng. D'Annonce wäert e Mëttwoch an der Zeitung sinn.

🪽🪽🪽

Den Hierscht as bei eis ukomm. Kommt bis ran luussen.🍁🍂🌼🏵
06/09/2025

Den Hierscht as bei eis ukomm. Kommt bis ran luussen.🍁🍂🌼🏵

Léif Clienten, mir sinn net am Congé a si fir iech do. Also zéckt net a kommt bis luussen. 💐🌸🌼🌻🏵☀️
26/08/2025

Léif Clienten, mir sinn net am Congé a si fir iech do. Also zéckt net a kommt bis luussen. 💐🌸🌼🌻🏵☀️

30/07/2025

Léif Leit, dëst Joër mécht eise Betrib KEE CONGÉ!! ⚘️🌸🌼

Hei also eis Ëffnungszäite fir den Rescht vum Joer:

Méindes: 13:30 - 18:00
Dënsdes: 8:30 - 12:00 an 13:30 - 18:00
Mettwochs: 8:30 - 12:00 an 13:30 - 18:00
Donneschdes: 8:30 -12:00 an 13:30 - 18:00
Freides: 8:30 - 12:00 an 13:30 - 18:00
Samsdes: 8:30 - 16:00 (duerchegehend op)

Villmools Merci an bis geschwënn 🌼🎉⚘️

🌸🌸🌼🌼🌻🌻🌻💐💐💐
24/07/2025

🌸🌸🌼🌼🌻🌻🌻💐💐💐

02/07/2025

Léif Clienten,

Wéint den héijen Temperaturen bleift eise Butték de Mëtteg zou. Bis 12 Auer kënnt Dir nach laanschtkommen.
Merci fir Äert Versteesdemech!

Merci iech fir déi vill flott Commanden. Mir wënschen ee schéinen a sonnege Weekend. 🌼🌸🌻☀️☀️☀️
28/06/2025

Merci iech fir déi vill flott Commanden. Mir wënschen ee schéinen a sonnege Weekend.
🌼🌸🌻☀️☀️☀️

01/06/2025

Léif Leit, no intensive Wochen a vill Aarbecht si mir ab muer nees zu eise gewinnten Auerzäiten op.

Méinden: 13:30 - 18:00
Dënsden: 8:30 - 12:00 13:30 - 18:00
Mëttwoch: 8:30 - 12:00 13:30 - 18:00
Donneschden: 8:30 - 12:00 13:30 - 18:00
Freiden: 8:30 - 12:00 13:30 - 18:00
Samsden: 8:30 - 16:00

Schéinen Sonnden 🌸⚘️🌼🙂

10/05/2025

Aujourd'hui FERMÉ à cause d'une fête familiale! 🌻

08/05/2025

E Samsdeg 10. Mee bleift eise Butték wéint enger Familliefeier zou.
Iech all ee schéine verlängerte Weekend!😎

07/05/2025

An der Nuecht sinn nees Summerblummen unkomm 🌸🌼🌸🌼

Adresse

PoRoute Des Ardennes Nr 47
Erpeldange
L-9145

Heures d'ouverture

Mardi 08:30 - 12:00
13:30 - 18:00
Mercredi 08:30 - 12:00
13:30 - 18:00
Jeudi 08:30 - 12:00
13:30 - 18:00
Vendredi 08:30 - 12:00
13:30 - 18:00
Samedi 08:30 - 16:00

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fleurs Binsfeld Sàrl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Fleurs Binsfeld Sàrl:

Partager