CDJ Bettenduerf

CDJ Bettenduerf De Fräeschebal geheiert einfach zu enger gudder Fuesent ! De Fräeschebal huet kleng ugefaang. Ab 1996 guff dunn dee ganzen Schoulhaff matbäi geholl. Fir di 15.

Am Jär 1992 war et en onbekannten Orchester, de versicht huet an der halwer Hal Fuesstëmmung ze maachen. Spéider waren sie ënner dem Numm Awacs bekannt an hun laang Zäit wuel zu engem vun dene populärsten Orchestren am ganze Land gezielt. Oofgeléist guffen sie 2004 vu Peenuts die et 2005 och nach eng Kéier probéiert hun. Nodeems 2006 an 2007 d’Gummibären an der Hal fir eng Bommestemmung gesuergt h

un Challengers 2008 an 2009 eng nei Rekordzuel vun Besicher ugelackelt. 2010 sin et Under Pressure dei mat enger flotter Ofwiesselung vun Fuesmusik an Rock di Bettenduerfer Fuesbooken an Stemmung haalen. Och de Bal u sëch as vill méi grouss gin; d'Sportshal alleng as lues awer sëcher ze kleng gin, sou daat mir op en Zelt hu missen zréckgräifen. Seecherheetsmängel vun der Hal hun eis 2002 gezwongen kuerzäiteg bei d'Sauer op een grousst Zelt auszeweichen. Aus Käschtengrenn haaten mir eis daat Joer entschloss fir um Fuesméinden direkt nach ee Bal z'organiséieren: den "T'geet Riicht Virun". Dat wor allerdengs eng eemoleg Ugeleenheet gin an d'Joer drop konnten mir, nodeems d'Mängel selbstverständlech behuewen waren, nees op eis gewinnte Plaatz bei d'Hal plenneren. Ab 2004 get zu Bettenduerf un enger neier Schoul gebaut an mir hun d'Geleenheet genotzt fir de Konzept vum Bal z'iwwerdenken an eisen Besicher eppes neies ze bidden. Dest Ennersträicht d'Flexilitéit an d'Weltoppenheet vun eisem Club. Editioun vun eisem Fräeschebal hu mer eis ee besonnegt éiergäizegt Ziel gestach an waarden mat ganzer 3 Orchestren op! Gummibären an der Hal, Orchester 590 am Zelt an eng Karaoke-Bar am klengen Zelt. Sou as ët dann och nët verwonnerlich, daat Fuessamsdës Bettenduerf Treffpunkt vun iwer 2000 Fuesboken ginn ass. Am Joer 2008 guff dunn och nach aus dem klengen Karaoke Zelt een XXL-Karaoke Zelt mat Cocktail Bar, sou datt mat desem Zelt, och deen neie Numm fir d’Fuesend zu Bettenduerf gebuer war. Seit desem Joer schwätzt een demno vun der XXL-Fuesend zu Bettenduerf.

2009 sin fir e besseren Verkéier teschent den Zelter an der Hal ze erméiglechen puer kleng Zelter baigesat gin. Eng weider nei Attraktioun wär een Gedrenksstand beim Grill, sou datt een 2009 Joer fir d’eischte Kéier och dobaussen den Duuscht konnt läschen.


2010 wär dunn dat letzt Joer wou den Fräscheblumm um aalen Site ofgehalen gouf, well d' Hal puer Méint drop ofgerappt gouf. Dofir krut 2011 dei 20. Editioun een neien Site spendéiert, deen elo ob der anerer Säit vun der Sauer ze fannen ass. Den Bal besteet mëttlerweil aus 3 risegen Zelter an ass schonns éischter een Festival wei een Bal. Mee net nëmmen d'Platz huet geännert, mä och d'Band: nämlech ass den Orchester 590 an hir wuel verdéngten Pensioun gaang an ass 2011 duerch den kölschen Orchester "de' Hofnarren" ersat ginn.

2012 gouf den neien Site vun 2011 dann verbessert an "de' Hofnarren" goufen duerch d'Fues-DJen DOMinators ersat, déi et beschtens verstinn d'Leit ze ënnerhalen. Ausserdeem haten mer een véierten, bëssen Iwweraschungsact, nämlech huet sech eis Béierbud an een Dubstep- an Elektrospektaktel verwandelt. Bäi sou engem grousse Fest sënn éis Membren während 3 oder souguer 4 Deeg hannereneen am Asaatz. Den Ärbichtsopwand as riesegrous, an ët gët heinsdo nët vill zë schlofen. Wann een dann awer gesäit, wéi gudd sich déi vill Leit amuséiren, da kann een trotzdem e bësse stolz op d'Ärbicht sën, déi geleescht gin as, an et vergëst een déi vill Klengigketen, déi trotz enger best méiglicher Organisatioun alt rëm eng Kéier nët sou richtig geklappt hun. (Source: Ofgeännerten Text vum Gilles SCHROEDER & Florent PURAYE
aus dem Buch: Bettendorf - Gilsdorf - Moestroff 2000)

10/11/2025

Eise Bam🌳 ass och geplanzt.

Mir soen dem Club des Jeunes Gilsdref an dem Club des Jeunes Reisduerf Merci fir Noméierung.

Mir soen och nach Merci der Bamschoul Martin Wahl fir de Sponsoring vun eisem schéinen Äppelbam🌳🍎

Heimat nominéiere mir den Indiaca Bettendorf , Pompjees-Musik Bettenduerf an de Syndicat d'Initiative de Bettendorf

Dir huet lo 72 Stonnen Zäit fir ären Bam🌳ze planzen, soss dierfe mir 🐸 op är Käschten iessen an drenke kommen🍻

Och dëst Joer ganz uewen! 👑🚀Den Donneschdeg stoung ganz am Numm vum Landjugenddag zu Biereng🏋🏽‍♂️ Mat net nëmme sportlec...
03/06/2025

Och dëst Joer ganz uewen! 👑🚀
Den Donneschdeg stoung ganz am Numm vum Landjugenddag zu Biereng🏋🏽‍♂️ Mat net nëmme sportlechen, mee och geschéckleche Leeschtungen an Teamwork konnte mir eis an de Spiller, wéi och beim Quiz géint iwwer 170 Ekippen duerchsetzen an hunn eis doduerch déi 1. Platz geséchert🥇Domat geet innerhalb vun de leschte véier Joer dräimol déi éischt Platz op Bettenduerf a fir d'véierte Kéier si mer de beschtplacéierte CDJ aus dem Land 💪🏻🏆

Villmools Merci der fir d'Organisatioun vum Rallye🙌

Bis geschwënn,
Äre CDJ Bettenduerf🐸

- Giveaway -Last Chance❗️❗️Gewann 1 Këscht Quicky’en🤩❗️Sponsored by >❗️Wéi kanns du gewannen?—> Kommentéier 2 Kollegen m...
28/02/2025

- Giveaway -

Last Chance❗️❗️

Gewann 1 Këscht Quicky’en🤩

❗️Sponsored by >❗️

Wéi kanns du gewannen?

—> Kommentéier 2 Kollegen mat deenen s’du muer op de FRÄESCHEBAL kens😉

De Gewënner gëtt Muer um 6 auer annoncéiert! 🕺

Mir drécken iech d‘Daumen a bis Muer🤠🤞🏻

24/02/2025

An enger Wosch ass et su wekt🍻
um legendären Fräesche Bal🐸
Mer spillen eech feinsten Kölsch-fastelovend-rock🔥
Kommet zu Hauf un drink doch ene met

- LATE NIGHT BUS -Sou komm dir op de Bal an nees heem👌An denkt drun: Don’t drink and drive😵‍💫Bis e Samsden🐸🥳Fräeschebal ...
24/02/2025

- LATE NIGHT BUS -

Sou komm dir op de Bal an nees heem👌

An denkt drun: Don’t drink and drive😵‍💫

Bis e Samsden🐸🥳
Fräeschebal 2025!

- Giveaway -Gewann 1 Meter IceTea-Korn🤩❗️Sponsored by Café beim Fränk❗️Wéi kanns du gewannen?—> Kommentéier d’Platz wou ...
21/02/2025

- Giveaway -

Gewann 1 Meter IceTea-Korn🤩

❗️Sponsored by Café beim Fränk❗️

Wéi kanns du gewannen?

—> Kommentéier d’Platz wou mir dëst FRÄESCHEBAL Schëld stoen hunn 😉

De Gewënner gëtt e Méinden um 6 auer annoncéiert! 🕺

Mir drécken iech d‘Daumen a bis geschwënn🤠🤞

❗️❗️Fräeschebal 2025! TICKETEN❗️❗️🎟TICKET INFO: Wéi? Wat? Wou?🎟Hallo hallo léif Leit!🥳An engem Mount ass et souwäit:🐸Frä...
03/02/2025

❗️❗️Fräeschebal 2025! TICKETEN❗️❗️

🎟TICKET INFO: Wéi? Wat? Wou?🎟

Hallo hallo léif Leit!🥳
An engem Mount ass et souwäit:
🐸Fräeschebal 2025🐸

❗️WICHTEG❗️
- Et gëtt KENG Oweskees!!! Just limitéierte Virverkaf!
- Keen Entrée ënner 16 Joer!
- Präis🧐 12€

Wat ass dëst Joer extra?
- Just nach een Zelt! ——>Fueszelt
- Eng FuesBand déi fir super Stëmmung suergt: Jans Ejal
- Den DJ Maji deen d‘Zelt zum danze bréngt

Macht iech schnell bäi a wart net ze laang 😎

Wou kréien ech een Ticket?😮

Clubmemberen:

LCD (Diekirch)
Raoul Kisch
De Sousa Loïc

LTA (Gilsdorf)
Nik Barbangelo

Diekirch
Lee Wagner

Ettelbrück
Michel Faust

Bettendorf
Pol Faber
Nick Schmit

Schrondweiler
Cheyenne Wagner

Hosingen
Jil Schmitz

Esch-Sauer
Sebastian Lang

Trier (DE)
Tim Kraemer

Kaiserslautern (DE)
Oliver Mainz

An op folgende Plazen:

Diekirch
- Patati Patata
- Bazar Schirtz

Bettendorf
- Boucherie Mangen
- Flower Power

Bis dann✌️🐸

🎉🎭 Fräeschebal 2025 🎭🎉De Countdown leeft! Kroomt är Kostümer eraus a maacht iech prett fir eng onvergiesslech Fuesent!🥳🎟...
18/01/2025

🎉🎭 Fräeschebal 2025 🎭🎉

De Countdown leeft! Kroomt är Kostümer eraus a maacht iech prett fir eng onvergiesslech Fuesent!🥳

🎟 Tickete ginn et ab elo bei eise Memberen ze kafen – séchert iech är Plazen esou séier wéi méiglech!

📢 Weider Informatioune ginn et am nächste Post!

Mir freeën eis op iech! 🐸✨

Adresse

Rue De La Gare
Bettendorf
9353

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von CDJ Bettenduerf erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an CDJ Bettenduerf senden:

Teilen