11F Sport

Site Web

11F Sport Sport News and Events Wilkommen bei 11F Sport. Wir organisieren das ganze Jahr über Veranstaltungen.

Wir sind die grösste Sport Community aus Luxemburg auf deren Plattform sich Spieler, Trainer und Fans zusammenfinden. Diese reichen von Sportreisen über Freizeitturniere bis hin zu E-Sport Turniere. Like diese Seite und teile sie mit all deinen Freunden um immer auf dem Laufenden zu sein und um Nichts zu verpassen.

____________________________________________

Bienvenue à 11F Sport. Nous représentons la plus grande communauté de sport au Luxembourg où les joueurs, entraineurs et fans se rejoignent. Nous organisons régulièrement des évènements tout au long de l'année. Cela peut être des voyages dans des stades, des tournois de loisirs ou des tournois E-Sport. Aimez cette page et partagez-la avec tous vos amis pour ne rien manquer.

🎉Wat fir e Moment fir de Kimi Antonelli🏆
02/11/2026

🎉Wat fir e Moment fir de Kimi Antonelli🏆

🇮🇹 Kimi Antonelli ass F1-Weltmeeschter🏆Eng 3. Plaz hannert dem Gewënner Max Verstappen an dem Lewis Hamilton ass him gës...
02/11/2026

🇮🇹 Kimi Antonelli ass F1-Weltmeeschter🏆

Eng 3. Plaz hannert dem Gewënner Max Verstappen an dem Lewis Hamilton ass him gëschter a Mexiko duergaangen. Mat 20 Joer war nach ni e Weltmeeschter sou jonk wéi hien. GRANDE KIMI👇

🛑Milan & Juve am fräie Fall❌️🔴⚫️ Milan: d'Rossoneri hunn d' CL schonn déi lescht zwou Saisons verpasst an och 2026/2027 ...
30/10/2026

🛑Milan & Juve am fräie Fall❌️

🔴⚫️ Milan: d'Rossoneri hunn d' CL schonn déi lescht zwou Saisons verpasst an och 2026/2027 leeft een der Musék hannen drun. E Mëttwoch gouf et eng 2:4 Defaite géint Bologna. Souguer wann si elo nees de Match vun hirem Liewen géint Inter maachen, dierft Kritik um Ruben Amorim bleiwen. Hie setzt regelméisseg op de Musah an den Estupinan an hien weess net wéi een de Ramos asetzt. Dësen trëfft awer koméscherweis regelméisseg fir Portugal.

⚫️⚪️ Juve: och de Spalletti schéngt ähnlech wäit vun der Ekipp wech ze sënn. De Mercato war eng Enttäuschung, de Kolo Muani hängt komplett an der Loft (hien representéiert d'Bild vun der Kriis) an nëmmen 2-3 Spiller hunn iwwerhapt hir normal Form. De Rescht ass eng Usammlung vun Individualisten, d'Ekipp ass net equilibréiert zesumme gestallt a riskéiert an där Form auserneen ze briechen.

🚨Saison an der Formel 1 gëtt verkierzt🛑Dass am Katar an zu Abu Dhabi gefuer gëtt, ass mëttlerweil zimmlech onwarscheinle...
30/10/2026

🚨Saison an der Formel 1 gëtt verkierzt🛑

Dass am Katar an zu Abu Dhabi gefuer gëtt, ass mëttlerweil zimmlech onwarscheinlech. Deen eenzeche Grond, wisou et nach net ofgesot gouf, ass wuel dass den Antonelli déi offiziell Feier kritt déi e verdéngt an net op der Couch Weltmeeschter gëtt. A Mexiko geet him eng 9. Plaz duer.

Et besteet nach d'Méiglechkeet, dass Imola fir ee GP aspréngt, mee do muss een mam Wieder kucken.

🇱🇺 LËTZEBUERG AN DER HALLEFFINALL VUM "TIER C" BEI DER U15WM💪Wat leeft dann hei? De Moien fréi hunn sech eis Jongen mat ...
29/10/2026

🇱🇺 LËTZEBUERG AN DER HALLEFFINALL VUM "TIER C" BEI DER U15WM💪

Wat leeft dann hei? De Moien fréi hunn sech eis Jongen mat 6:1 (!) géint Indonesien duerchgesat. Den Dram vun engem historesche Succès geet weider, mee et ass komplett egal wéi et wäert ausgoen. Déi eischt Editioun vun der U15WM ass fir eis elo schonn en Erfolleg🔥

Respekt u jiddereen, dee matgelaf ass🔥👏
26/10/2026

Respekt u jiddereen, dee matgelaf ass🔥👏

🇱🇺 Lëtzebuerg vun e Samschdeg un bei der U15-WM am Asaz🏆⚽️Dëst ass de Spillplang vun eise jonken Léiwen bei der alleréis...
22/10/2026

🇱🇺 Lëtzebuerg vun e Samschdeg un bei der U15-WM am Asaz🏆⚽️

Dëst ass de Spillplang vun eise jonken Léiwen bei der alleréischter FIFA U15-WM👇

🔥Marc Dowdle mat nächster kranker Rekordleeschtung😵De Mark Dowdle huet bei der "Big Dog's Backyard Ultra World Champions...
21/10/2026

🔥Marc Dowdle mat nächster kranker Rekordleeschtung😵

De Mark Dowdle huet bei der "Big Dog's Backyard Ultra World Championship" seng 102. Ronn (mat enger Gesamtdistanz vu 425 Meilen) ofgeschloss an huet seng 103. Ronn ugefaangen, wéi nëmmen nach Sekonne Rescht waren.

Nodeems hien déi 102. Ronn beendegt hat, waren nëmmen nach e puer Sekonnen op der Auer iwwreg, éier déi nächst Stonn ugefaangen huet; hien huet sech direkt ëmgedréint, fir sech op de Wee fir seng 103. Stonn hannereneen ze maachen.

Den Dowdle ass an dëser Zäit eng Gesamtdistanz vu 425 Meilen (ongeféier 684 Kilometer) gelaf.

Damat huet hie säi fréiere Rekord, deen hien am August 2026 beim "Last Soul Ultra" an Däitschland opgestallt hat – wou hien no 94 Stonnen a bal 630 Kilometer als Gewënner ervirgaangen ass –, däitlech iwwertraff.

❌️ ManUnited geet géint Como ënner😵Wéi déif kënnen d' "Red Devils" nach falen? Den nächsten Déifpunkt an der jéngster Ve...
21/10/2026

❌️ ManUnited geet géint Como ënner😵

Wéi déif kënnen d' "Red Devils" nach falen? Den nächsten Déifpunkt an der jéngster Vergangenheet gouf et den Owend am fréie Slot vun der CL zu Como mat enger 4:1 Defaite!
Kritt sech ManUnited nees berappt an de nächste Wochen a Méint?

P.s. Wéi krass ass deen Nico Paz bei Como w.e.g. ? 🔥

🇱🇺D'Marie Schreiber dominéiert Course "Nacht van Woerden!"🏆D'Lëtzebuerger Championne feiert hir 4. Victoire an dëser Cro...
21/10/2026

🇱🇺D'Marie Schreiber dominéiert Course "Nacht van Woerden!"🏆

D'Lëtzebuerger Championne feiert hir 4. Victoire an dëser Cross-Saison. D'Marie huet an der Mëtt vun der Course d'Féierung iwwerholl, sech vun hire Konkurrentinne ofgesat an en solitaire gewonnen.

Gratulatioun, Marie! 👏

📸 gettysport

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque 11F Sport publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie